Regierung Bettel-Lenert-Bausch

D'Regierung Bettel-Lenert-Bausch war no enger Ëmbildung, vum 5. Januar 2022 bis de 17. November 2023 den Numm vun enger Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an Déi Gréng, déi aus de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 zu Lëtzebuerg ervirgaangen ass.

Vum 5. Dezember 2018 bis den 11. Oktober 2019 gouf si Regierung Bettel-Schneider-Braz genannt, vun do u bis de 4. Februar 2020 Regierung Bettel-Schneider-Bausch, a vun dunn bis de 5. Januar 2022 Regierung Bettel-Kersch-Bausch. Vereinfacht gëtt och alt vu Bettel II geschwat.

Si baséiert um Koalitiounsaccord[1] tëscht dësen dräi Parteien, dee vun allen dräi de 4. Dezember 2018 guttgeheescht gouf[2]. De 5. Dezember 2018 gouf se vereedegt[3],[4].

Et ass dëst déi selwecht Koalitioun wéi an der viregter Legislaturperiod, a se gëtt dofir, wéinst de Faarwe Rout, Blo a Gréng, déi d'Parteie symboliséieren, an aus Analogie zu deenen am Fändel vu Gambia, och alt Gambia II genannt.

Si bestoung aus engem Premierminister a 16 Ministeren.

Den 11. Oktober 2019 koum et zu enger Ëmbildung, well de Justiz- a Vizepremier Felix Braz aus gesondheetleche Grënn seng ministeriell Tâche net weider erfëlle konnt[5].

De 4. Februar 2020 koum et zu enger weiderer Ëmbildung, wéi de Vizepremier Etienne Schneider, op eegene Wonsch, als Minister opgehalen huet, an den Dan Kersch amplaz vun him Vizepremier gouf[6].

Bei den zwou Kéiere koum et zu liichte Verännerunge bei der Verdeelung vun de Portefeuillen; den Henri Kox, respektiv de Franz Fayot, koumen nei an d'Regierung.

Den 23. Juli 2020 gouf den Henri Kox Minister fir Bannescht Sécherheet (amplaz vum François Bausch), bis dohi war hien delegéierte Minister[7].

Nom Récktrëtt vum Dan Kersch, Romain Schneider a Pierre Gramegna koum et de 5. Januar 2022 zu enger weiderer Ëmbildung: De Georges Engel, Claude Haagen, an d'Yuriko Backes hunn deenen hir Portefeuillen; iwwerholl; d'Paulette Lenert gouf nei Vizepremierministesch[8].

Nom Récktrëtt vun der Carole Dieschbourg, Ministesch fir Nohaltegkeet, Ëmwelt a Klima, den 22. Abrëll 2022, an enge kuerzem Interim vum Claude Turmes am Ëmweltministère[9], gouf d'Joëlle Welfring (Déi Gréng) den 2. Mee 2022 als nei Ministesch vereedegt[10][11][12].

De 15. Juli 2023 koum et zu der leschter Ännerung, wéi de Max Hahn d'Corinne Cahen am Ressort Familljeministère ersat huet.[13]

  1. "Accord de coalition 2018-2023" (PDF) op gouvernement.lu.
  2. "Signature de l'accord de coalition." Communiqué op gouvernement.lu, 03.12.2018.
  3. "Neue Regierungsmitglieder vereidigt." wort.lu, 05.12.2018.
  4. "Nei Regierung ass vereedegt." rtl.lu, 05.12.2018, 14:53:49.
  5. "Remaniement gouvernemental." Communiqué op gouvernement.lu, 2019-10-11.
  6. "Remaniement ministrériel." Communiqué op gouvernement.lu, 4. Feb. 2020.
  7. Regierungsëmbildung betreffend d'Kompetenze vun der Verdeedegung an der bannenzeger Sécherheet. gouvernement.lu (23.07.2020). Gekuckt de(n) 24.07.2020.
  8. "Passation de pouvoir vu Yuriko Backes, Claude Haagen a Georges Engel." rtl.lu, 30.12.2021.
  9. Arrêté grand-ducal du 22 avril 2022 portant attribution temporaire de compétences ministérielles à Monsieur Claude Turmes, Ministre. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2022-04-25.
  10. "Regierungsëmbildung." Communiqué op gouverenement.lu, 2. Mee 2022.
  11. Arrêté grand-ducal du 2 mai 2022 portant nomination de Madame Joëlle WELFRING à la fonction de Ministre. - Legilux. legilux.public.lu (02.05.2022). Gekuckt de(n) 04.05.2022.
  12. Arrêté grand-ducal du 2 mai 2022 portant attribution des compétences ministérielles aux membres du Gouvernement. - Legilux. legilux.public.lu (02.05.2022). Gekuckt de(n) 04.05.2022.
  13. .

From Wikipedia, the free encyclopedia · View on Wikipedia

Developed by Nelliwinne